Confederation.lu

Nos actualités

RTL: « Positiv Evolutioun fir Liewensmëttels-Butteker an Drogerien an der Pandemie »

D’Butteker, déi Liewensmëttel verkafen an d’Drogerien, hate wärend der sanitärer Kris eng positiv Evolutioun.

Genee wéi d’Baumäert oder d’Geschäfter, déi Gaarden- oder Déiereproduiten verkafen. Dat geet aus dem sougenannten „Retail Report“ ervir, dee vum Mëttelstandsministère, der Chambre de Commerce an der Confédération vum Commerce presentéiert gouf.

Et ass déi éischte Kéier, datt esou e Rapport gemaach gouf, deen en Iwwerbléck iwwert d’Situatioun vun de Commercen am Land soll schafen. Doraus geet och ervir, datt d’Metzlereien an d’Parfümerien, mee och d’Bistroen, d’Baren an d’Diskoen am meeschte vun der Pandemie betraff waren. Am Beräich vum Horeca geet d’Tendenz kloer vun der traditioneller hin zu der séierer Restauratioun.

Aus dem Rapport geet donieft och ervir, datt alternativ Geschäftsiddien zu Lëtzebuerg zougeholl hunn mat ënnert anerem enger ganzer Partie u Pop Up-Butteker oder Second-Hand Geschäfter. Dës maachen nach ëmmer eng Minoritéit vun de Commercen am Land aus.

Claudia Kollwelter, Lynn Cruchten

RTL.lu

Dat offiziellt Schreiwes

Articles à la une

WEB-38
Journée des Présidents 2023 - Galerie photos
Offre d'emploi GIE
Offre d'emploi à l'Observatoire national des PME
3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Questions au Professeur Arturo Bris
Screenshot 2023-06-16 170914
La clc devient Luxembourg Confederation !

Articles récents

WEB-38
Journée des Présidents 2023 - Galerie photos
Offre d'emploi GIE
Offre d'emploi à l'Observatoire national des PME
3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Questions au Professeur Arturo Bris
Résultats Business Pulse (1)
Résultats du sondage "Business Pulse"
Luxembourg Confederation - Inauguratioun - 2048px-2
Inauguration des nouveaux bureaux de Luxembourg Confederation
Article précédent
Article suivant
Confederation.lu