Lire l’article dans son intégralité ici. E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Handelskonfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Handelskonfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.
Am Zesummenhang mat der Inflatioun fuerdert d’Handelskonfederatioun CLC éischter Steierreduktiounen ewéi fundamental Ännerungen um Index. Den Direkter vun der CLC, den Tom Baumert, sot de Méindeg de Moien hei op RTL zwar, datt 2 oder 3 Indextranchë bannent 12 Méint « e ganz haart Stéck » fir d’Betriber hei am Land wieren, besonnesch fir déi, déi international aktiv sinn. Mat Diskussiounen iwwert en nohaltege Wuerekuerf (*) oder iwwert e gedeckelten Index (**) géing ee sech a sengen Ae « verhedderen ».
(*de Wuerekuerf determinéiert, wéini definéiert Produiten eng indexéiert Upassung vun de Gehälter ausléisen, nvdr)
(**amplaz automatesch Upassunge vun 2,5% fir all d’Gehälter ginn et Iwwerleeungen, fir d’Upassungen op verschidden Aart a Weisen ze limitéieren, nvdr)
Vun der Tripartite, déi d’Regierung nach fir dëse Mount aberuff huet, erwaart sech den Tom Baumert awer kloer, datt iwwert eng Modulatioun ewéi 2012 diskutéiert wäert ginn, bei där den Index op eng Tranche maximal bannent 12 Méint limitéiert gi war. Dem CLC-Direkter no kéint virun allem eng Reduktioun vun den Taxen um Sprit wuel de Betriber kuerzfristeg hëllefen, e bësse vun hirer Rentabilitéit zeréckzekréien. Den Tom Baumert huet och d’Optioun vu garantéierte Prêten erwäänt fir déi Betriber, deenen et wéinst den deiere Spritpräisser u Cash feelt.
Vu(m) François Aulner
Lire l’article dans son intégralité ici.