Confederation.lu

Nos actualités

RTL « Gutt Affären a gemëschte Gefiller an de Butteker »

De ganzen Artikel op RTL.lu liesen D’Aussiicht, gutt Affären ze maachen, zitt jo vill Leit an d’Solden. Ma wéi gesäit dat nom Corona-Lockdown aus?D’Aussiicht, gutt Affären ze maachen, zitt jo vill Leit an d’Solden. Ma wéi gesäit dat nom Corona-Lockdown aus?
Héichsummerlecht Wieder war zwar e Sonndeg net um Rendez-vous. Nawell hunn eng Rei Leit vun dësem verkafsoppene Sonndeg an de Solden an der Stad profitéiert. Opgefall ass awer och, dass verschidde Butteker net opgemaach haten. Vereenzelt Geschäftsleit soten, fir si wär den Optakt vun de Solden dëse Weekend net profitabel gewiescht. Anerer hu bedauert, datt verschidde Butteker net richteg matzéie géifen, spréch just wéineg Wuer soldéieren. Nach anerer waren den Ëmstänn entspriechend zefridden.
En Thema war och d’Verréckele vun de Solden nom 2 Méint laange Lockdown. Sou wéi a Frankräich, wou se ausnamsweis réischt Mëtt Juli ufänken, oder an der Belsch, do ginn d’Solde souguer réischt den 1. August lass. Op dës Manéier hätt ee seng Wuer méi laang kënne mat méi héijer Marge verkafen. Besonnesch, well et duerch de Confinement Retardë bei der Liwwerung goufen. Verschidden Artikele wieren eréischt zanter Kuerzem an der Vente.
De Summerstock misst elo fort, ier d’Leit eventuell fort an d’Vakanz fueren, soten aner Geschäftsleit. Et hätt ee souwisou zanter der Reprise scho vill Spezial-Aktioune gehat.
 
 
De ganzen Artikel op RTL.lu liesen

Articles à la une

WEB-38
Journée des Présidents 2023 - Galerie photos
Offre d'emploi GIE
Offre d'emploi à l'Observatoire national des PME
3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Questions au Professeur Arturo Bris
Screenshot 2023-06-16 170914
La clc devient Luxembourg Confederation !

Articles récents

visual_communique-presse copie
Communiqué de presse - Création du groupe "Développeurs - Promoteurs" de la Chambre immobilière
WEB-38
Journée des Présidents 2023 - Galerie photos
Offre d'emploi GIE
Offre d'emploi à l'Observatoire national des PME
3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Questions au Professeur Arturo Bris
Résultats Business Pulse (1)
Résultats du sondage "Business Pulse"
Article précédent
Article suivant
Confederation.lu