De Pakt Pro Commerce setzt op cibléiert Mesuren, fir d’Geschäfter an den Uertschaften a Stied ze stäerken. Ee wichtegen Outil ass den Handelskadaster.
All 2. Entreprise zu Lëtzebuerg ass e Commerce. De Secteur zielt knapp 55.000 Aarbechtsplazen. “De Commerce ass e ganz wichtegen Deel vun enger liewenswäerter Gemeng, vun enger lieweger Gemeng an dofir ass et wichteg, deen ze suivéieren.”
Huet de Mëttelstandsminister Lex Delles e Mëttwoch de Moien betount, wéi hien de Pakt Pro Commerce 2023 zesumme mat der Chambre de Commerce an der Confédération Luxembourgeoise du Commerce ënnerschriwwen huet.
De Kadaster vum Commerce, fir de Grand public och an enger manner detailléierter Versioun op Geoportail accessibel, ass Deel vun dësem Pakt. E soll e besseren Iwwerbléck verschafen iwwer déi verschidden Zorte vu Commercen, déi et haut an de verschiddene Gemenge gëtt, iwwer hir Surfacen, wou genee se lokaliséiert sinn. Awer och iwwer Lokaler, déi eidel stinn.
Iechternach ass eng vun 9 Gemengen, déi den Outil scho benotzen. Leerstand vum Commerce ass e Problem. Ënner anerem bei der Analyse hätt de Kadaster gehollef, well e kloer Fakte liwwert, erkläert de Buergermeeschter Yves Wengler.
D’Daten vum Handelskadaster ginn zweemol d’Joer aktualiséiert. Den neie Pakt Pro Commerce gesäit vir, datt an Zukunft och Geschäftsleit vum Outil profitéiere kënnen. Et géing drëms, hinnen ze hëllefen, déi richteg Emplacementer ze fannen, erkläert d’Carole Müller, Presidentin vun der Confédération Luxembourgeoise du Commerce.
En detailléierte Rapport iwwer den Eenzelhandel, d’Organisatioun vun engem “Retail Event” si weider Voleten, déi am Pakt festgehale ginn. Och wëll ee méi Clienten aus der Groussregioun unzéien an de Betriber zu méi Nohaltegkeet verhëllefen.
Vill Onsécherheeten a keng Previsibilitéit. D’Situatioun an de Commercen wier duerchwuess. Dat sot de Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer bei der Signature. Cibléiert Hëllefsmesuren a Flexibilitéit wier dat, wat d’Betriber elo bräichten. Eng Aarbechtszäitverkierzung wier e komplett falscht Signal.
Vu(m) Raphaëlle Dickes (Tëlee), Dany Rasqué (Radio)