Lesen Sie den vollständigen Artikel hier. Héich Energiepräisser an der ChamberHéich Energiepräisser an der Chamber
Hätten déi eng Parteie an de Secteur gären direkt Léisungsvirschléi gehat, wëllen anerer emol d’Tripartite ofwaarden an net iwwer schnell reagéieren.
D’Situatioun wier dramatesch, doriwwer war ee sech an der Chamber eens, wéi et ëm d’Hausse vun den Energiepräisser goung. Doriwwer wéini allerdéngs konkret Mesurë kommen, do sinn d’Meenungen dann awer wäit ausernee gaangen an et ass zum Deel méi haart ginn an der Plenière.
D’Instrument vun der Tripartite ass genee dat wat mer elo brauchen, dat huet d’Vizepremierministesch Paulette Lenert an der Chamber betount, wou et ëm d’Hausse vun den Energiepräisser goung. D’Kris an där mer sinn, betrëfft d’Betriber an d’Bierger. Et ass eng Kris, wou all Acteur Interessi drun huet, fir zesumme séier an effikass Léisungen ze fannen. De Lëtzebuerger Erfollegsmodell a Form vum Sozialdialog ass matten an enger Kris gebuer ginn. An zesumme mat de Sozialpartner huet d’Politik et nach ëmmer fäerdeg bruecht, am Land de Wuelstand ofzesécheren an de soziale Fridden ze garantéieren. Dat ass och dës Kéier eist d’Zil. Dofir wieren och keng Mesuren annoncéiert ginn, huet d’Paulette Lenert ënnerstrach.
Oppositioun enttäuscht, datt keng weider Annoncë koumen
D’Majoritéit stoung hannert der Annonce vun der Vizepremierministesch Paulette Lenert. D’Oppositioun huet sech allerdéngs Annoncen erwaart gehat, wéi den CSV-Deputéierte Michel Wolter seet. Madame Lenert. Ech wëll iech net ze no trieden, mä Dir hutt iwwerhaapt näischt gesot. Et konnt keen Oppositiounspolitiker dorop reagéieren, well net eng eenzeg konkret Propositioun vun der Regierung oder Majoritéit komm.
Vu sengem Parteikolleeg Gilles Roth koumen dann och eng Partie Fuerderungen. Eng zäitlech begrenzte Präisbrems um Sprit um Heizungsmasutt an och um Gas. Auto fueren an doheem setzen ass an deem räichen Lëtzebuerg kee Luxus, mä eng Noutwendegkeet. Zweetens: All Euro méi fir de Staat un Taxen an TVA duerch Energiepräisshaussen zanter dem 1. Januar 2022 muss fir eis direkt an integral un d’Leit zréckbezuelt ginn. Et kann net sinn, datt de Staat sech dorops selwer beräichert.
De gréngen Deputéierte François Benoy huet betount, datt elo net iwwer schnell reagéiert dierft ginn. Mä mir musse Suen do investéieren, wou se gebraucht ginn, sozial gerecht Mesuren. Mesuren, déi konform zu eiser Klimaschutzpolitik sinn an eis Onofhängegkeet an Zukunft weider stäerkt.
D’Regierung hätt d’Urgence net erkannt, huet den ADR-Deputéierte Fred Keup gemengt. A gréng géif a senge Aen nu mol deier ginn. Dat huet fir méi hëtzeg Diskussioune mat der grénger Deputéiert Stephanie Empain gefouert.
Och d‘Piraten an déi Lénk hunn ënnerstrach, datt de Leit elo ganz séier misst gehollef an net ze laang gewaart dierft ginn.
(Vu(m) Claudia Kollwelter, Pierre Jans, Lynn Cruchten)
Lesen Sie den vollständigen Artikel hier.