Confederation.lu

News

RTL.lu : „CLC: Fir oder géint den Index, d’Diskussioun bréngt guer näischt“

Lesen Sie den ganzen Artikel hier. E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Handelskonfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.E Méindeg de Moie war den Direkter vun der Handelskonfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.
Am Zesummenhang mat der Inflatioun fuerdert d’Handelskonfederatioun CLC éischter Steierreduktiounen ewéi fundamental Ännerungen um Index. Den Direkter vun der CLC, den Tom Baumert, sot de Méindeg de Moien hei op RTL zwar, datt 2 oder 3 Indextranchë bannent 12 Méint „e ganz haart Stéck“ fir d’Betriber hei am Land wieren, besonnesch fir déi, déi international aktiv sinn. Mat Diskussiounen iwwert en nohaltege Wuerekuerf (*) oder iwwert e gedeckelten Index (**) géing ee sech a sengen Ae „verhedderen“.
(*de Wuerekuerf determinéiert, wéini definéiert Produiten eng indexéiert Upassung vun de Gehälter ausléisen, nvdr)
(**amplaz automatesch Upassunge vun 2,5% fir all d’Gehälter ginn et Iwwerleeungen, fir d’Upassungen op verschidden Aart a Weisen ze limitéieren, nvdr)
Vun der Tripartite, déi d’Regierung nach fir dëse Mount aberuff huet, erwaart sech den Tom Baumert awer kloer, datt iwwert eng Modulatioun ewéi 2012 diskutéiert wäert ginn, bei där den Index op eng Tranche maximal bannent 12 Méint limitéiert gi war. Dem CLC-Direkter no kéint virun allem eng Reduktioun vun den Taxen um Sprit wuel de Betriber kuerzfristeg hëllefen, e bësse vun hirer Rentabilitéit zeréckzekréien. Den Tom Baumert huet och d’Optioun vu garantéierte Prêten erwäänt fir déi Betriber, deenen et wéinst den deiere Spritpräisser u Cash feelt.
 
Vu(m) François Aulner
Lesen Sie den ganzen Artikel hier.

Top Beiträge

Offre d'emploi GIE
Stellenangebot beim Observatoire national des PME
3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Fragen an Professor Arturo Bris

Neue Beiträge

WEB-38
Journée des Présidents 2023 - Galerie photos
Offre d'emploi GIE
Stellenangebot beim Observatoire national des PME
3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Fragen an Professor Arturo Bris
Résultats Business Pulse (1)
Résultats du sondage "Business Pulse"
Luxembourg Confederation - Inauguratioun - 2048px-2
Einweihung der neuen Büros der Luxembourg Confederation
Vorheriger Artikel
Nächster Artikel
Confederation.lu