Den Artikel liesen De Konsumenteschutz begréisst den Offallgesetz-Projet, dee virgesäit, datt an Zukunft all Supermarché vun op d’mannst 1500m2 e Recyclingszenter muss hunn. Et gëtt awer och Kritik.De Konsumenteschutz begréisst den Offallgesetz-Projet, dee virgesäit, datt an Zukunft all Supermarché vun op d’mannst 1500m2 e Recyclingszenter muss hunn. Et gëtt awer och Kritik.
Sollt de Projet vum Offallgesetz an der aktueller Versioun ugeholl ginn, missten an Zukunft 45 Supermarchéen am Land en eegene Recyclingszenter fir haaptsächlech Emballagen ubidden. Do kéint een also déi Saachen ofginn, déi d’Gemengen an d’Valorlux haut schonn heem siche kéimen, seet de Claude Bizjak, Directeur adjoint Confédération Luxembourgeoise du Commerce. E System, dee sech bewäert hätt a wou d’Leit matmaache géifen.
D’Handelskonfederatioun gëtt ze bedenken, datt d’Supermarchéen aus konkurrenzielle Grënn riskéieren, och Offall vu schlechter Qualitéit unzehuelen, deen u sech näischt am Recycling verluer hätt.
De Gesetzprojet fir d’Recyclingszenteren an de Supermarchéë géif op engem Pilot-Projet baséieren, deen zanter 10 Joer um Houwald leeft a bis ewell ni vum Ëmweltministère evaluéiert gi wier, esou nach d’Kritik. Dofir hätt ee kee Versteesdemech. Virop, well déi eenzeg Etüd, déi et iwwer de Projet gëtt, weise géif, datt d’Recycling-Qualitéit hei méi schlecht wier an et 10 Mol méi deier wier, esou nach de Claude Bizjak.
(Vum Raphaëlle Dickes)
Den Artikel liesen
Kuckt de Reportage op RTL