Confederation.lu

News

Radio 100,7: Invité vum Dag: Georges Eischen „Supermarchéen teste wou ka gespuert ginn“

Energie an de Killregaler spueren De President vun der Fédération Luxembourgeoise de l’Alimentation et de la Distribution (FLAD), de Georges Eischen, erkläert wéi d’Supermarchéen am Land momentan kucken, wéi si Energie spuere kënnen. Wéinst de Präisser vun de Liewensmëttel déi méi deier gi sinn, misst een och d’Präisser an de Butteker erhéijen.De President vun der Fédération Luxembourgeoise de l’Alimentation et de la Distribution (FLAD), de Georges Eischen, erkläert wéi d’Supermarchéen am Land momentan kucken, wéi si Energie spuere kënnen. Wéinst de Präisser vun de Liewensmëttel déi méi deier gi sinn, misst een och d’Präisser an de Butteker erhéijen.

Déi eenzel Betriber géifen am Moment op fräiwëlleger Basis testen, wéi vill Energie si genee kënne spueren, esou Georges Eischen, de President vum Brancheverband FLAD (Fédération Luxembourgeoise de l’Alimentation et de la Distribution) a Gerant vun der Provençale.

Energie an de Killregaler spueren

Et géif zum Beispill getest ginn, op d’Tifküler an de Killregaler eventuell e puer Grad méi waarm kënnen agestallt ginn.

Wéi een am Ufank d’Tifküler ageschalt hätt, hätt een se op minus 22 Grad gesat och wa minus 18 Grad duer gaange wier, well een eng Marge de Manoeuver hätt wéilten hunn, erkläert de Georges Eischen:

„Haut muss du dir dann d’Fro stellen: Ass dat déi richteg Decisioun? Ginn net minus 18 oder minus 19 Grad och duer?“

D’Erfarungen déi bei esou Tester gemaach ginn, géifen d’Supermarchéen dann am September ënnerteneen austauschen, esou de Georges Eischen.

 

 

Lauschtert den Interview um Radio 100,7

Top Beiträge

Keine Posts vorhanden

Neue Beiträge

Job Offer Luxembourg Confederation (1)
Luxembourg Confederation recrute un.e 'Federation Manager' en CDI
LC_44
Le futur du commerce 6 juillet 2023 – Revivez cette journée en image (galerie photos)
LC_13
Le futur du commerce 6 juillet 2023 – Revivez cette journée en image (vidéo)
visual_communique-presse copie
Communiqué de presse - La Luxembourg Retail Federation (LRF) fête ses 6 mois
LRbanner
Speed dating professionnel géant pour le retail luxembourgeois
Vorheriger Artikel
Nächster Artikel
Confederation.lu