Confederation.lu

News

„Et gi laang Méint“

Sech nei erfannen Ee vun de Secteuren dee massiv vun der Coronakris getraff gouf, ass dee vum Evenementiel. Well Eenegkeet staark mëscht, hunn d’Acteuren elo d’Associatioun LEA gegrënnt – iwwer dee Wee kann een op Problemer an – an no der Kris opmierksam maachen.Ee vun de Secteuren dee massiv vun der Coronakris getraff gouf, ass dee vum Evenementiel. Well Eenegkeet staark mëscht, hunn d’Acteuren elo d’Associatioun LEA gegrënnt – iwwer dee Wee kann een op Problemer an – an no der Kris opmierksam maachen.

D’Veronsécherung am Secteur wier grouss: „Mir wëssen net, wéini a wéi et weider geet“, seet de Charles Schroeder, de President vun der Associatioun LEA. Hei hu sech elo d’Firmen aus dem Evenementiel regroupéiert. LEA seet, dass zu Lëtzebuerg 120 Entreprisen am Beräich schaffen. Si géifen eng 3.000 Leit regroupéieren.

„Éischt Evenementer goufe schonn am Februar ofgesot“, erzielt de Charles Schroeder. Et géif een elo op eng Reprise am September hoffen, sécher wier aktuell awer nach näischt. „Et gi laang Méint, wann een herno 6 oder 9 Méint keng Recetten huet“, sou de President vun LEA. Wuel wieren déi staatlech Hëllefen net schlecht, si kéinten natierlech awer a kengem Fall de Verdéngschtausfall kompenséieren.

Sech nei erfannen

De Secteur misst elo verstoen, wéi Evenementer an der Zukunft organiséiert ginn. De virtuelle Beräich géif do nei Piste liwweren. Fir de Charles Schroeder ass awer kloer, datt dat ni wäert d’Zesummekomme vun de Mënschen ersetzen. Hien hofft dowéinst, datt grouss Manifestatioune geschwënn erëm méiglech sinn.

 

Foto: Corinne Jamet

 

Lauschtert de ganzen Interview vum Sophie Morang mam Charles Schroeder

Top Beiträge

3 Questions au Professeur Arturo Bris (2)
3 Fragen an Professor Arturo Bris

Neue Beiträge

visual_communique-presse copie
Business Pulse de mars 2024. Résultats et perspectives, merci à nos entrepreneurs !
visual_communique-presse copie
Luxembourg Confederation annonce un nouveau Comité de Direction pour renforcer la représentation de ses membres
Job Offer Luxembourg Confederation (1)
Luxembourg Confederation recrute des étudiants
visual_communique-presse copie
Création de la Luxembourg Payroll Provider Federation
K1024_DSC02601
Networking : Intégrer les personnes en situation de handicap dans mon entreprise - Galerie photos & vidéo
Vorheriger Artikel
Nächster Artikel
Confederation.lu